ACEL: Student fir 1 Dag – schreift iech an!

D'Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois (ACEL) organiséiert an der Ouschtervakanz op en Neits de "Student fir 1 Dag".  An dësem Kader kënnen zukünfteg Studenten eng oder méi vu 25 Studentestied besiche goen a bis zu 8 verschidde Fächer mat de fachspezifesche Cercle besser kennenzeléieren. 

  • Wéini? 28. Mäerz – 10. Abrëll 2026 
  • Wou? 25 Studentestied (Paräis, Bréissel, Wien, Stroosbuerg, Berlin, Amsterdam, ...)
  • Wéi? Umeldung um Internetsite vun der ACEL.

Opgepasst: Den Umeldeschluss ass fir all Studentestad ënnerschiddlech!

Zum letzten Mal aktualisiert am