Student fir 1 Dag

D’ACEL organiséiert  eng "Luxembourg Edition" um Belval de 6. an 7. Abrëll  

mat Presentatiounen vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung um 8 an um 13. Auer zesummen mat der ACEL

Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou’s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass?

Dann sief och du Student fir 1 Dag bei der Luxembourg Edition 2021 !

Dënschdes, de 6ten Abrëll sinn 12 Stied aus Däitschland vertrueden.

Mëttwoch, de 7ten Abrëll kanns du verschidde Stied aus Frankräich, der Belsch, Holland, der Schwäiz an Éisträich kenne leieren.

D'Umeldung ass bis den 1. Abrëll 23.59 méiglech!

Dernière modification le