D-6 : STUDENTEFOIRE 2019

D’ Studentefoire ass eng eemoleg Geleeënheet fir :

• sech bei den Uni' en, Héichschoulen an Ambassaden iwwer Aschreiwungen, eenzel Schrëtt a Prozeduren z'informéieren
• mat de Studentecerclë iwwert Liewen als Student ze schwätzen
• a Kontakt mat Professionellen ze kommen a Froen iwwert ee Beruff ze stellen: Wat muss ech léieren? Muss ech nom Studium eng Erlaabnis kréie fir ee Beruff auszeüben? Wéi sinn meng Jobméiglechkeeten duerno ? ....


Wëllt Där Iech schonn am Virfeld informéieren ?

Da kuckt op www.cedies.lu , wou och d' Beruffsbroschüren a Flyer'en vun de verschiddene Länner ze fanne sinn oder op www.beruffer.anelo.lu .

Wärend ärem Tuer iwwer d‘ Foire kennt Där awer och iwwer d' QR-Coden direkt d‘ Broschüren an d‘ Flyer'en eroflueden.

Praktësch Informatiounen:

Wéini ? Donneschdes, 07. a Freides, 08. November vun 10:00 bis 18:30 Auer
Wou? Luxexpo The Box an der Hal 2 an 3 wou een iwwer Entrée SUD (Säit vum Auchan) erakënnt
Wat kascht et? Entrée ass gratis a Parking kascht 5€/ Dag

Dernière modification le